Kategorie: Opféierung vun engem aaneren Ensemble AutoPsy (mam Michèle Turpel, Text vum Jemp Schuster)

AutoPsy (mam Michèle Turpel, Text vum Jemp Schuster)

Wéini:   4. Oktober 2019, 20:00 Auer
Genre:   Opféierung vun engem aaneren Ensemble

 

Tickets ginn et hei

Eng Fra an engem geschlossene Raum
Agespaart
Mat Medikamenter roueg gestallt
Vun enger Kamera iwwerwaacht

Se verzielt aus hirem Liewen
Vun hirer Kandheet
Vu Mëssbrauch an Ofhängegkeet
Vun hire Männer, déi all op eng tragesch Manéier ëmkomm sinn

Ween ass hei schëlleg
Ween ass d’Affer
A ween ass deen hannert der Mauer, deen een ni gesäit

D’Autopsy vun enger verluerener Existenz
E Séilestriptease

Reservéiert Iech elo schon den Datum vum 4. Oktober 2019 a kommt op Kielen an de Musiksall dem Michèle Turpel säin AutoPsy kucken.
Dir kënnt och schon Är Plazen reservéieren um 661 166 660 tëschent 19 an 21 Auer

Wou:
Kielener Museksall (Fanfare Kehlen A.s.b.l)
8, rue du Centre
Kehlen, 8282
Luxemburg
    Dieser Eintrag wurde von admin_wp veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen zum Permalink.