2014 – Kabaräsconcours

Kabaräsdeeg op Schéimerech 2014


D’Laureaten vum Kabaräsconcours:

1. Präis vum Jury 1.000€ – offréiert vum Ministère de la Culture:
„Mäi léift Vollek“ vum Roland Gelhausen

2. Präis vum Jury 500€ – offréiert vun der Gemeng Kielen an der Kulturkommissioun:
„Wäerteunterrecht“ vum Maggy Molitor

Publikumspräisser (100€) gestëft vum Françoise Neu-Bruna an Erënnerung un de laangjährege Member vun der asbl „Op Schéimerech“ Manfred Neu:

– 23.7.2014  „Man in black“ vum Jos Kockelmann
– 24.7.2014  „Man in black“ vum Jos Kockelmann
– 25.7.2014  „Man in black“ vum Jos Kockelmann
– 26.7.2014  „Bim Bam Biren“ vum Al Ginter
(De Jos Kockelmann huet als Comitesmember d’Geldpräisser net ugeholl an dem Club se gestëft.)

Spezialpräis vum Jury, offréiert vun engem Bierger aus der Gemeng Kielen 100€:
„Den ale Fuuss“ vum Vicky Wagner-Wies.

D’Texter „Verflixte Siwen“ an „Alles mat Stil“, déi beim Publikumspräis virlouchen, goufen disqualifizéiert. Si hu géint d’Reglement verstouss. (Artikel 6- „Et si keng Iwwersetzunge vun auslänneschen Texter, keng Sketcher aus dem Internet a keng Adaptatioune vun alen Texter erlaabt.“)

De Jury huet bestanen aus: Monique Melsen, Georges Hausemer, Clod Thommes, Guy Scholtes a Christiane Kremer.


D’Texter an d’Auteuren, déi beim Concours zeréckbehalen an bei de Kabaräsdeeg Op Schéimerech gespillt goufen:

1. Händy-Käpp: Robert Wagner
2. Keen doheem: Maggy Molitor
3. Et bréckelt zu Lëtzebuerg: Roland Gelhausen
4. Mäi léift Vollek: Roland Gelhausen
5. De Santer, de Juncker an de Jugoslaw: Jean Grün
6. Gambia Number One: Vicky Wagner-Wies
7. De Rendez-Vous vum Här Schmit: Marc Coco Faber
8. Schlecker Mania: Al Ginter
9. D’Liewen um Mini Stär: Marie Wolff
10. Déi nei Lëtzebuerger Well: Maggy Molitor
11 Man in black: Jos Kockelmann
12. Verflixte Siwen (net bewäert)
13. Mère lourde: Maggy Molitor
14. Bim Bam Biren: Al Ginter
15. Den Ale Fuuss: Vicky Wagner-Wies
16. Alles mat Stil (net bewäert)
17. Wäerteunterrecht: Maggy Molitor
18. Vive le Luxembourg: Catherine Fischbach

D’Kabaräsdeeg Op Schéimerech waren e grousse Succès. Am Ganze koumen 1.200 Leit kucken.

Mir soe Merci fir Äre Besuch! A Merci och allen Auteuren, déi beim Concours matgemaach hunn. Leider konnte mer net all déi 53 Texter spillen, déi erakoumen.

De Comité vun der asbl Op Schéimerech


22 Juli 2012: Bericht op der Telé (RTL)

Link zum Reportage iwwert Kabaräsdeeg (ab 22min30)


17 Juli 2014: De Radio-Spot vum RTL

[embedyt] 1n4eTAK8g0w[/embedyt]


5 Juli 2014: De Pressetext

No 7 Fräiliichtspektakelen um historesche Site Op Schéimerech zu Kielen, all aus der Fieder an all ënnert der Regie vum Jemp Schuster, huet d’asbl Op Schéimerech decidéiert dëst Joer en neie Projet op d’Been ze setzen: Déi éischt Kabaräsdeeg op Schéimerech an der Zeltstad vum 23. bis den 26. Juli 2014.

Enn 2013 hate mer dofir e Concours fir Cabaretstexter lancéiert. Ënner 53 Texter, déi fir de Concours erakoumen, huet en onofhängege Jury (Monique Melsen, Clod Thommes, Georges Hausemer, Christiane Kremer, Guy Scholtes) 18 Texter ausgewielt an dobäi och den 1. Präis (1000€ presentéiert vum Kulturministère) an den 2. Präis (500 € presentéiert vun der Gemeng Kielen) festgeluecht.
D’Membere vum Jury hunn d’Decisioun eleng op Grond vun den Texter geholl. D’Nimm vun den Laureaten si kengem bekannt, och net dem Jury, a si ginn eréischt den 26. Juli owes no der leschter Virstellung offiziell presentéiert.

All Owend wielt de Publikum och e Publikumspräis am Wäert vun 100 €.

De Jemp Schuster (Regie) an de Paul Pepin (Musek) hunn d’Texter fir d’Bühn adaptéiert.
Et spillen iwwer 30 Acteure vun der asbl Op Schéimerech.
D’Virstellunge sinn owes um 20.30h am Zelt op Schéimerech, vu 19 Auer un ass de Site op a proposéiert Iessen an Drénken matten am herrlechen Naturkader vu Schéimerech.

(link op den Pressetext vun rtl.lu)

25 Juni 2014: Déi éischt Photos vun de Prouwen

2014-06-25_201707_IMG_4876


6 Juni 2014, de Jury huet décidéiert!

De Jury huet decidéiert!
D’Asbl Op Schéimerech presentéiert

Déi bescht Texter aus dem Kabaräsconcours 2014!

„ Kabaräsdeeg op Schéimerech“
Den 23., 24., 25. & 26. Juli am Cabarets-Zelt Op Schéimerech zu Kielen

All Owend Wiel vum Publikumspräis!
1. Präis vum Jury: 1.000€ patronéiert vum Ministère de la Culture
2. Präis vum Jury:500€ patronéiert vun der Gemeng Kielen

Regie: Jemp Schuster – Musek: Paul Pepin – Assistenz: Michèle Turpel
Technik: Lemon Event Support – Dekor: Asbl Op Schéimerech

Reservatioun: Hei, oder iwwer Telefon op den 661 166 660 tëscht 19 an 21 Auer.
Entrée: 15 € / Kanner a Studenten (mat Studentepass): 10 €
Ufank 20.30 Auer
Iessen a Gedrénks vun 19 Auer un 


29 September 2013, de Concours gëtt lancéiert

Matten an der Natur a matten am Summer (tëscht dem 23. an dem 26. Juli 2014)!
Allerdéngs decidéiere net mir, wat leeft:

Mir spillen an Dir schreift!
Mir spillen, wat Dir geschriwwen hutt.
Mir spillen Äre Cabaret!

Mir sichen dofir Cabarets-Texter. Neier, déi nach ni gespillt goufen, mä extra fir dëse Concours geschriwwe ginn. D’Thema ass fräi.

Loosst Iech inspiréiere vun der Aktualitéit, där politescher, där kultureller, där sportlecher, där lokaler, där nationaler, där internationaler, vläicht och där perséinlecher. Oder ganz einfach vun de klenge mënschleche Katastrophen an Naupen, déi all Dag jidderengem passéiere kënnen, egal op Jonk oder Al, Kleng oder Grouss.

Spëtzt Är Fieder, wierzt net nëmme mat Peffer a Salz, mä sidd pickeg, witzeg, ironesch, satiresch oder einfach nëmme riicht eraus!

En onofhängege Jury wielt déi bescht Texter aus an déi kommen am Juli 2014 op Schéimerech op d’Bühn vun eisem Cabarets-Zelt.

Kee schreift fir näischt. All Text, dee vum Jury ausgewielt gëtt an dee gespillt gëtt, kritt e klenge Cachet!

All Owend decidéiert de Publikum, wéi en Text him am beschte gefall huet an dat bréngt 100 €.

Den Haaptpräis vum Jury ass mat 1.000 € dotéiert.

D‚Texter solle bis den 1. Februar 2014 erageschéckt ginn. D’Nimm vun den Auteure ginn eréischt um leschten Owend bekannt!

Mir waarden op Iech! Mir waarden op Är Texter!
M
ir freeën eis op eis gemeinsam Produktioun…

Hei fannt der d’Reglement vum Concours fir Kabarästexter