2014 gëtt et Cabaret Op Schéimerech!!!

2014 gëtt et Cabaret Op Schéimerech!!!

Matten an der Natur a matten am Summer (tëscht dem 24. an dem 27. Juli)! Allerdéngs decidéiere net mir, wat leeft:

Mir spillen an Dir schreift! Mir spillen, wat Dir geschriwwen hutt. Mir spillen Äre Cabaret!

Mir sichen dofir Cabarets-Texter. Neier, déi nach ni gespillt goufen, mä extra fir dëse Concours geschriwwe ginn. D’Thema ass fräi.

Loosst Iech inspiréiere vun der Aktualitéit, där politescher, där kultureller, där sportlecher, där lokaler, där nationaler, där internationaler, vläicht och där perséinlecher. Oder ganz einfach vun de klenge mënschleche Katastrophen an Naupen, déi all Dag jidderengem passéiere kënnen, egal op Jonk oder Al, Kleng oder Grouss.

Spëtzt Är Fieder, wierzt net nëmme mat Peffer a Salz, mä sidd pickeg, witzeg, ironesch, satiresch oder einfach nëmme riicht eraus!

En onofhängege Jury wielt déi bescht Texter aus an déi kommen am Juli 2014 op Schéimerech op d’Bühn vun eisem Cabarets-Zelt.

Kee schreift fir näischt. All Text, dee vum Jury ausgewielt gëtt an dee gespillt gëtt, kritt e klenge Cachet!

All Owend decidéiert de Publikum, wéi en Text him am beschte gefall huet an dat bréngt 100 €.

Den Haaptpräis vum Jury ass mat 1.000 € dotéiert.

D‘Texter solle bis den 1. Februar 2014 erageschéckt ginn. D’Nimm vun den Auteure ginn eréischt um leschten Owend bekannt!

Mir waarden op Iech! Mir waarden op Är Texter! Mir freeën eis op eis gemeinsam Produktioun…
    Hei fannt der d’Reglement vum Concours fir Kabarästexter