Kategorie: General Mach d'Kräiz... an alles bleiwt besser | Cabarenert

Mach d'Kräiz... an alles bleiwt besser | Cabarenert

Wéini:   10. Januar 2004, Auer
Genre:   General

Text CABARENERT:

"Bestëmmt spiert Der schonn, ëm wat et geet: Mir gi stëmmen, d. h. mir bestëmmen déi, déi iwwer äis bestëmmen. D'Kräiz ass, wa mer se bis gestëmmt hunn - mat Kräizer oder mam Rondel - da stëmmt näischt méi, da kann een sech mat Kräizer seenen, mä da si mer nees Stëmmercher.

Ier et awer souwäit ass, wëlle mir e Wiertche matschwätzen. Mir hunn och e „Wahlprogramm" opgesat! Dee gëtt deelweis souguer gesongen, mä am Prinzip ass e geduecht, datt mir als Zwangs-Kräizermécher dëse Programm all deene Kräizerbaueren op all deene Lëschten zerguttst ëm d'Ouere schlon.

Et geet awer net nëmmen ëm Lëschten, Polit-Marketing, Phone-Voting an éischt Héichrechnungen, - mir bliederen donieft am Lydie sengem Fotoalbum, staunen iwwert eis Koordi-Natioun, huelen d'Ännchen mat op Pisa, schécken de Castec op säi leschten éischte Mee a gesinn d'Erna, wéi et op de Rolling Stones ausrutscht ... mä looss mer net alles vum Programm verroden, där verrodener Programmer ginn et nach ze vill.

D'Munitioun fir eis Stëmmungs-Kanounen liwweren eis akkreditéiert Schreifdëschtäter, Roland Gelhausen a Jay Schiltz. Vun de klenge Brieder déi d'Welt bedeiten gëtt da schaarf geschoss op déi, deenen d'Brieder virum Kapp d'Welt bedeiten.

Mam Fanger um Hinnche waarden do schonns de Roland Gelhausen, de Pascal Granicz, d'Monique Melsen, d'Marianne Pettinger an de Conny Scheel. Onhelleg Musek derzou liwwert de Stoffels Fränz.

D'Première ass den 7. November am „Check Inn" um Findel, wou am November an am Dezember nach eng ganz Rëtsch vu weidere Virstellunge sinn.

Natierlech geet de „Cabarenert" duerno op Tournée, an zwar bis kuerz virum D-Day, wou d'Bierger Kräizer man, a wou een sech owes hoffentlech net bekräizege muss."

Wou:
    Dieser Eintrag wurde von admin_wp veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen zum Permalink.