Kategorie: Opféierung vun engem aaneren Ensemble Robin Hutt | Kannertheater Jaddermunnes

Robin Hutt | Kannertheater Jaddermunnes

Wéini:   26. März 2006, N/A Auer
Genre:   Opféierung vun engem aaneren Ensemble


Am Kader vum TELEVIE 2006 a mat Ënnerstetzung duerch d' Kulturkommissioun vun der Gemeng Kielen weise mer Iech de 26. Mäerz 2006 um 17 Auer am Ronnbau zu Kielen dem Kannertheater JADDERMUNNES säi

 


<div="" />
ROBIN HUTT


Den Entrée vu 7 € fir Erwuessener geet integral un den Télévie. Fir all Kand ënner 12 Joer komme nach eng Kéier 5 € vum Veräin aus derbäi. Fir Gedrénks, Kaffi a Kuch ass och gesuergt.
Hei ass dem Jemp Schuster seng Meenung zu dëser Geschicht:

De Robin Hood, deen am Sherwood Forest an England soll gelieft hunn, deen ass et vläicht ni ginn. Och wann de Kevin Costner vun Hollywood, deen am Film de Robin gespillt huet, behaapt, hien hätt e perséinlech kannt, da wëllt dat nach guer näischt heeschen. Well dee richtege Robin Hutt, huet sech anescht geschriwwen, an deen huet zu Lëtzebuerg am Huttebësch gelieft. Dee Bësch gëtt et haut net méi, se hunn en ewech geha fir eng Autobunn ze bauen.

Awer déi Zäit wéi de Robin Hutt am Huttebësch gelieft huet, du war nach alles e bëssen anescht ewéi haut. Dat ass schon éiweg laang hier, et war nach iwwerall Mëttelalter op der Welt, vill Kinnéken a Ritter sinn op Jerusalem gepilgert, well et en heiheem ze langweileg ginn ass. A wann se fort waren, hunn anerer probéiert hier Plaz um Troun ze kréien.

De Robin Hutt war ee Gudden. Deen huet opgepasst, datt kee séngem Här, dem Rischi Léiwenhäerz, eppes ewech geholl huet, esou laang wéi dee fort war. Neen, dat huet hie selwer organiséiert. Hien huet déi Räich iwwerfall, an en huet alles, oder bal alles un déi Arem verdeelt. Awer nëmme wann se zu him an zu sénger Band gehalen hunn.

De Kannertheater Jaddermunnes spillt d'Geschicht vum Robin Hutt no engem Text vum Jemp Schuster. Den Dekor an d'Affiche si vum Pit Weyer, d'Kostümer vum Anne Weyer a Sylvie Hamus, d'Musék huet de Frank Möller geschriwwen. De Jemp Schuster mécht d'Regie an et spillen:

Robin Hutt - Fos Schuster
Marianne - Michèle Turpel
Brudder Tuck - Arn Wallenborn
Firlefanz an Zaldot - Josée Hoss
Farlefinz an Zaldot - Dany Hardt

Wou:
Kielener Museksall (Fanfare Kehlen A.s.b.l)
8, rue du Centre
Kehlen, 8282
Luxemburg
    Dieser Eintrag wurde von admin_wp veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen zum Permalink.