Kategorie: Opféierung vun engem aaneren Ensemble Zaitzeechen | d'Feiersteppler

Zaitzeechen | d'Feiersteppler

Wéini:   2. April 2005, 20:00 Auer
Genre:   Opféierung vun engem aaneren Ensemble

„Et muss e mat der Zäit mat virugoën“, sou soën d’Leit. Muss en oder huet e keng aner Wiel ? D’Leit kommen iwerhaapt net méi no, si gi vun der Zäit iwerlaaf! A firwat? Wat huet sech dann alles geännert?
Déi Zeeche vun der Zäit setzen d’Feierstëppler zesumme mat den Auteuren Rol. Gelhausen, Jemp Schuster, Serge Tonnar a Jean-Michel Treinen.
Wien dat net versteet krit et gesong, an dofir ass de Balli Balldauf zoustänneg.
Et spillen a sangen: Lil Ensch, Marie-Jeanne Jacobs, Lucienne Schleimer, Christiane Thommes, Romain Schleimer a Clod Thommes
Assistenz : Anne-Marie Diederich
Wann Dir derbäi si wëllt, da kommt den 2. Abrëll 2005 um 20:00 Auer an de Café SHINI'Z op Kielen.
Reservéieren kënnt Dir ab 18:00 Auer ënnert der Nummer 061/16 66 60.
Den Entrée ass 10 €. D'Plaze si begrenzt !
Wou:
Café SHINI'Z
Kehlen,
Luxemburg
    Dieser Eintrag wurde von admin_wp veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen zum Permalink.