2012 – BÄISSsss MECH

MERCI !

Iech all, déi kucke komm sidd,
Iech Akteuren, déi matgespillt hudd,
Iech all, déi gehollef hudd,
dass och 2012 nees alles geklappt huet
an et onvergiesslech 2 Wochen op Schéimerech waren.


Leider hun mer wéinst dem schlechtem Wieder d´Virstellung vun haut den Owend, 27 Juli, mussen oofbriechen.
Mir haaten 1 Stonn gespillt, sou dass no der Theater-Regel d´Tickets net rembourséiert gin.
Mir hun awer muer Samsden Owend nach Plaatzen fräi. Dir kënnt mat ärem Ticket vun haut op de Site kommen, an iech de Spektakel nach emol ukucken.
Et deed eis leed, mee fir d´Wieder kënnen mer och net. Merci fir ärt Versteesdemech.


 

Fräiliicht-Opféierung 2012:  BÄISSsss MECH…

De Virvekaaf ass ugelaaf: www.luxembourg-ticket.lu oder 47 08 95-1.

Den 19. Juli ass Première vun der 7. Open-Air-Produktioun vun der asbl Op Schéimerech: 8 Optrëtter si geplangt.

Datumer wou gespillt gëtt: 19, 20, 21, 22, 25, 26, 27 an 28 Juli 2012.

Eng bluddeg Produktioun, an där eng 60 Amateur-Acteuren hiert „verbassent“ Talent ënner Beweis stellen. D’Bühn gëtt grad opgeriicht an déi éischt Prouwen ënner fräiem Himmel sinn amgaangen.

 

„Bäisssss mech“ ass eng Co-Produktioun vun der asbl Op Schéimerech a Spektakel asbl

Text a Regie: Jemp Schuster
Assistenz: Michèle Turpel
Musek: Paul Pepin
Kostümer: Sylvie Hamus
Maquillage: Joël Seiller
Luucht an Toun: Lemon Event and Communication
Bühn: Op Schéimerech asbl

Präis: 20 €
Jonker/Kanner: 15 €

Wann du wëlls matschaffen, hannert der Bühn, beim Opriichten, Oofriichten, hannert dem Comptoir, oder wou och ëmmer, da so eis just Bescheed. Am léiwsten mat enger Mail op: info@opscheimerech.lu. Oder iwwer den Telefon 661/166660 tëschent 19 an 21 Auer.
Mir freeën eis op Dech an op Schéimerech 2012

„Bäisssss mech“ heescht dat neit Stéck, dat och déi Kéier aus der Fieder vum Jemp Schuster staamt. Pénktlech fir den 100. Doudesdag vum Dracula-Auteur Bram Stoker hu sech op Schéimerech déi Kéier Vampire néiergelooss.“An de Ruine vum Schlass MALARIA ass en Nascht. Awer do sëtze keng Villercher dran, neen do hausen d’Vampiren. Et wonnert ee sech, wéi vill bekannt Perséinlechkeeten, déi viru laanger oder och manner laanger Zäit gelieft hunn, a vun deenen een zanterhier näischt méi héieren huet, elo op eemol hei aus hire Lächer krauchen.

Awer och ganz normal Stierflecher ginn hei onstierflech gemeet. Esoubal se gebasssss sinn, fanne se keng Rou méi. A se ginn all gebasssss, esoubal se MALARIA betrieden. Oder bal all.

D’Géigespiller vun de Vampire sinn d’Werwëllef. Och déi probéiere méiglechst vill Leit an hir Gewalt ze kréien. A béide Fäll ginn déi Gebasssssen infizéiert a selwer zu Vampiren oder Werwëllef.

Wann dee Virus MALARIA verléisst, dann ass d‘Welt net méi ze retten.“


Den RTL Radio Spot:[youtube width=200 height=130]9IUgSXSwag4[/youtube]

Den Eldoradio Reportage 1:
[youtube width=200 height=130]QUiFtHkLPV4[/youtube]

Den Eldoradio Reportage 2:
[youtube width=200 height=130]C7hSHVmCIDA[/youtube]

Den RTL Radio Reportage:
[youtube width=200 height=130]q_kY_HnoGxk[/youtube]

Kuckt iech de Reportage „BAISSsss MECH“, vum RTL-Magazine un.
Ganz flott. Daat gëtt sëcher Loscht a Virfreed op d’next Woch!
Wee méi wëll gesin, muss op d’Plaatz kucken kommen :).
[youtube width=600 height=400]zO70TGSWdnA[/youtube]