2006 – De Porrette King

De Porrette King ass ee Mëllen, ee klenge Geescht awer ee grousse Schnëssert,
deen sech eropgeschafft huet an elo net méi weess wou en hierkënnt.
E regéiert säin Duerf wéi ee brutalen a geféierlechen Diktator, dee sech wéi een décke Flääschmued am more Speck vu sengem Porrettevollék verpoppt huet. Dat Vollék ass ugepasst an dresséiert, et lieft fir dem King ze gefalen,a seng eenzeg Chance, awer och säi groussen Trauma, ass d’Monokultur vun der Porrett. Déi gëtt ganz penibel vum King sengem Staatsapparat kontrolléiert,a wann ee vun de Porrettebaueren äus der Rei danzt, da geet et em fir de Kapp. Awer richteg! Dem King seng zwee Meedercher äiferen deem Alen op all Manéier no. Et si Karikaturen a verwinnte Schwäin, déi hirem Papp iwwert de Kapp sprangen. Do gëtt et awer och, an där no bäussen esou harmonescher Porrettewelt,eng Famill déi guer net dohinner passt. Et si Leit déi näischt mat Porrette kënnen ufänken,si hu méi eng teschnesch a mechanesch Oder. Wann d’ganzt Duerf vun der Porrett lieft, dann ass d’Rocky’s Famill total op de Motor fixéiert. Op där anerer Säit lieft d’Mizzi mat senger Mamm. D’Mizzi ass jonk a schéin, an et huet sech an de Kapp gesat, net méi ze kuschen. Well do ass dat grousst Geheimnis dat seng Mamm, déi Fra mat den déckste Porretten am Duerf, him net wëllt verzielen. All Joer gëtt um grousse Porrettefest eng Porrettequeen gewielt. Och dëst Joer hunn e puer schéi Meedercher sech gemeld, awer do funkt d’Mizzi en dertëschent,an déi ganz opgeblosen a falsch Porrettewelt brécht an engem eenzegen Dag äuserneen. De King muss sech outen.

De Porrette King ass eng grouss Farce iwwert eng Gesellschaft déi zwar fiktiv,
awer guer net esou wäit erbäi geholl ass. 
Paralelle mam Behuelen an dem Optriede vu Leit äus eiser Zäit an äus eisem Land
sinn net onbedingt gewollt, awer et ass schwéier fir en äus de Féiss ze kommen.

Coproduktioun: Asbl „Op Schéimerech“ Kehlen a „Spektakel Asbl“
Text a Regie: Jemp Schuster
Assistenz: Michèle Turpel
Musék: Pol Pepin
Kostüm: Peggy Wurth
Dekor: Asbl „Op Schéimerech“
Luucht: On Stage Light
Virstellungen op der Fräiliichtbühn op Schéimerech zu Kielen,den 19, 20, 21, 22, 26, 27, 28, an 29. Juli 2006 em 21.00 Auer.
Iwwerdeckten Tribühnen.
Reservatioun: Billetterie Nationale, Méindes bis Freides vun 10.00 bis 18.30 Auer. Tel. 470895-1 

D’Brochure:

 

D’Plakat:
Affiche