2019 – De Gëllene Fochs

De Gëllene Fochs, Oktober 2019

No dräi Joer klëmmt d’ASBL Op Schéimerech nees op d’Bühn.
Am Musekssall gëtt e Spektakel presentéiert bei deem all Genren zesummekommen, déi bei deene Schéimerecher schonn emol eng Roll gespillt hunn: Kabaret, Theater a Krimi-Dinner.

Fir d’Iwwerreechung vum Gëllene Fochs fir déi beschte Roll sinn eng ganz Rei Gäscht an d’Kieleland agelueden.
Esouguer héije Besuch ass ugekënnegt.

D’Spannung ass grouss: Wien ass nominéiert?
Wie kritt um Enn de Präis?
Oder kënnt et awer aanescht wéi geplangt?

„De Gëllene Fochs“ ass eng witzeg a spannend Zeremonie, bei där vill intressant Personnagen optrieden.
Där, déi ee kennt oder där, déi ee kéint kennen.
Aus dem Film oder vu soss anzwousch.

Producer: Op Schéimerech asbl

Regie: Christiane Kremer, Romain Kockelmann, Paul Pepin

Assistenz: Sylvie Nierenhausen

Kamera: Raymond Faber

Musek: Paul Pepin

Technik: Marc Georges

Security: Mike Wirtz, Misch Schmidt, Annick Biver, Anouk Fischbach

Make-Up: Julie Huberty

Location: Kielenland (Museksall Kielen)

D’Zeremonie ass:

  • Freides an Samschdes, 18 a 19 Oktober 2019 um 20:00
  • Sonndes, 20 Oktober 2019 um 17:00
  • Freides an Samschdes, 25 a 26 Oktober 2019 um 20:00
  • Sonndes, 27 Oktober 2019 um 17:00

Reservéiert är Plazen hei

Fir Iessen an Drénken ass gesuergt.

Entréespräis:  20€ fir Erwuessener, 12€ fir Studenten a Kanner