Fräiliicht-Theater zu Kielen “Op Schéimerech”
19.-20.-21.-22. an 23. Juli 2000 um 21.00 Auer
Schéimerch kuerz virum Joer 1000
En ale Réimersteen gehéiert zum Alldag vun de Leit, déi deemols op dëser Plaz um Maart sech begéint an matenee geliewt hun.
D’Plaz gehéiert der Abtei Sankt Maximäin vun Tréier, an obwuel fir d’Mënschen d’deeglecht Iwwerliewen am Mëttelpunkt vun hirem Denken steet; sin se gespaant opdat wat deen neie chrëschtleche Glawen hine soll bréngen; besonnesch well och nach den ieweschte Kapp vun der kathoulescher Kirch – de Poopst bei si soll op Besuch kommen.
Vill Opreegung gët et fir de Jonker Konrod, d’Wirtsfamill, d’Duerfleit an den neie Paschtouer. Just de jiddesche Pärdsfockert an de Stärekickert gesin méi wäit…
D’Brochure:
D’Plakat:
De Jemp Schuster:
Hien as den 29. Februar 1948 gebuer a bekannt als Theaterschreiwer a Spiller. Séng Spezialitéiten si Kabaräsprogrammer, Theaterstécker, Kannerstécker, Lauschtergeschichten an einfach Geschichten.
Zënter Joer an Dag as hien mat sénge satiresch-pikege Programmer op Turnee uechtert d’Land, awer och mat séngem Kannertheater “Jaddermunnes”.
Wat hien op d’Bühn bréngt muss entweder am klengen oder am grousse Kader geschéien. De grousse Kader sicht hien haaptsächlech op Fräiliichtbühnen wéi zu Groussbus, am Gronn oder elo zu Kielen. Hien huet den Don vill Leit mat sénge Regie-Uweisungen ze féieren a mëcht dat mat vill Engagement.
Den “Hädesteen op Schéimerech” huet hien speziell fir d’ASBL “OP SCHEIMERECH” geschriwwen an ët gët och just hei gespillt.
D’Equipe vum “Hädesteen op Schéimerech”:
Akteuren | BAUDET Michel BECKER Silviane BERTON Nicolas BIVER Annick BIVER Claudine BIVER Fernand BIVER Franz BIVER Joé CLESSE Claude CLOSENER Danielle CLOSENER Liz EISCHEN Felix EISCHEN Olivia FEYDER Abbes FLAMMANG Anni GEORGES Diane HARDT Dany HEGER Jean-Vianney JERUSALEM Marie-Louise KASEL Christiane KASEL David KASEL Fabienne KASEL Michel KOCKELMANN Romain KONZ Monia KRAUS Nadine KREMER Christiane KUBORN Leo LORANG Jacques MAAS Marc MAAS Renée MAAS Véronique MATHEKOWITSCH Anne MATHEKOWITSCH Josée MATHEKOWITSCH Marc MEDINGER Tessy MULLER Marie-Thérèse NEU-BRUNA Françoise PAULUS Caroline PLUMER Luss SCHEITLER Joël SCHEITLER Manou SCHROEDER Tom SCHUMACHER Nathalie SCHUSTER Jemp SCHWICKERATH Diane THEIS Danielle THEIS Franz THEIS Ketty THILMANY Marc THOLL Romain THYES Guy THYES Josette WAGNER Paul WALLENBORN Arnold WELBES Stéphanie |
|
Kostümer | Sylvie BACK-BISSEN Romy LORANG Danielle THILL Agny TONNAR Eliane WEBER Colette WEYER-KOSCH |
|
Affiche | Marc THOMA | |
Brochure | Joël ADAM Robert ADAM Romain KOCKELMANN Christiane KREMER Manfred NEU Michel POLFER Joël SCHEITLER Laurent THYES Jeannah TONNAR |
|
Maquillage | Lydia BEAUJEAN Monique LEHNERT Sylvie NIERENHAUSEN |
|
Bühn | Joël ADAM Robert ADAM Jacques BONIFAS Claude CLESSE Bert HEGER Jean HEGER Benoît KIEFFER Jacques LORANG Manfred NEU an de Metty Lucien PLUMER Manou SCHEITLER Fabienne SCHOU Fränz THEIS Romain THOLL Paul THYES Will VOSMANN Paul WAGNER |
|
Luucht a Sonorisatioun | ON STAGE LIGHT, Fëschbech | |
Regie-Assistentin | Michèle TURPEL Fabienne SCHOU |
|
Musék | Paul PEPIN | |
Regie | Jemp SCHUSTER | |
De Comité 2000 | Christiane KREMER, Presidentin Romain KOCKELMANN, Vize-President Joël ADAM, Secrétaire Joël SCHEITLER, Caissier Silviane BECKER Danielle CLOSENER Trixy FERO Véronique MAAS Anne MATHEKOWITSCH Françoise NEU Paul PEPIN Lucien PLUMER Manou SCHEITLER Paul WAGNER Stéphanie WELBES |