2016 – Kabaräsconcours

Kabaräsdeeg vun der asbl op Schéimerech 2016

D’Laureaten vum Kabaräsconcours 2016

De Jury huet decidéiert keen éischte Präis ze verdeelen, mä ex aequo dräi zweet Präisser, déi all Kéier 500€ kréien.

2. Präis vum Jury (500€) – offréiert vum Ministère de la Culture:
“GNGS” vum Marc Coco Faber

2. Präis vum Jury (500€) – offréiert vum Ministère de la Culture
“Ënnerwee an den Himmel” vum Félix Wolter

2. Präis vum Jury (500€) – offréiert vun der Gemeng Kielen an der Kulturkommissioun:
“Eng Ëmweltpréifungsgeschicht” vum Lucien Koch

Publikumspräisser (100€):

  • 13.7.2016  “Virstellungsgespréich” vum Maggy Molitor
  • 14.7.2016  “Eng Ëmweltpréifungsgeschicht” vum Lucien Koch
  • 15.7.2016  “Ënnerwee an den Himmel” vum Félix Wolter
  • 16.7.2016  “Eng Ëmweltpréifungsgeschicht”vum Lucien Koch

De Jury huet bestanen aus: Monique Melsen, Betsy Dentzer, Jemp Schuster, Maurice Molitior a Guy Scholtes.

D’Texter an d’Auteuren, déi beim Concours zeréckbehalen a bei de Kabaräsdeeg Op Schéimerech gespillt goufen:

  • “’t gëtt net gefuddelt” vum Frank Jager
  • “Nation Branding” vum Josiane Kartheiser
  • “Eng nei Plaz” vum Maggy Molitor
  • “Virstellungsgespréich” vum Maggy Molitor
  • “GNGS” vum Marc Coco Faber
  • “Zréck op Lëtzebuerg” vum Vicky Wagner
  • “Staarken Tubak” vum Frank Jager
  • “Ënnerwee an den Himmel” vum Félix Wolter
  • “Hochzäitsdag” vum Josiane Kartheiser
  • “Eng Ëmweltpréifungsgeschicht” vum Lucien Koch
  • “Beauty and the Beatox” vum Karin Goedert

Iwwer 700 Leit hunn déi 4 Deeg mat ofgestëmmt. Mir soe Merci fir Äre Besuch!
A Merci allen Auteuren, déi beim Concours matgemaach hunn.

De Comité vun der asbl Op Schéimerech



(Foto aus der Prouw vum Kabaräsconcours 2016)


Ass Fuddelen ewell salonfäeg? Muss gefuddelt gi fir datt d’Welt sou dréint, wéi se grad dréint? Ass dat net awer alles verdréint?

Wa mir mat engem anere fuddelen, dat ass net esou schlëmm, wa mir mat ons selwer fuddelen, dat ass schlëmmer, mä wann anerer mat ons fuddelen, dat ass ganz schlëmm, e richtege Skandal. Dofir:

„’t gëtt net gefuddelt!“

Sou heeschen déi „Zweet Kabaräsdeeg“, déi d’asbl Op Schéimerech dëst Joer zu Keespelt an der Hal organiséiert.

Ënnert deem Motto war och e Concours fir Cabaretstexter lancéiert ginn. Ënnert 38 Texter, déi erakoumen, huet en onofhängege Jury (Monique Melsen, Betsy Dentzer, Maurice Molitor, Jemp Schuster a Guy Scholtes) eng Auswiel vun deene Beschte gemaach, déi elo op der Bühn presentéiert ginn. De Jury huet d’Decisioun eleng op Grond vun den Texter geholl. D’Nimm vun de Laureaten vum 1. Präis (am Wäert vun 1.000€ patronéiert vum Kulturministère) a vum 2. Präis (am Wäert vu 500€ patronéiert vun der Gemeng Kielen), ginn eréischt den 16. Juli no der leschter Virstellung offiziell presentéiert.

All Owend wielt de Publikum och e Publikumspräis am Wäert vun 100 €.

D’Christiane Kremer an de Romain Kockelmann (Regie) an de Paul Pepin (Musek) hunn d’Texter fir d’Bühn adaptéiert a si gi gespillt vun den Acteure vun der asbl Op Schéimerech.

D’Virstellunge sinn owes um 20.30h an der Hal Fakeme zu Keespelt. Vun 19.00h un ass de Site op a proposéiert Iessen an Drénken.


Klickt hei fir är Reservatioun


Kabaräsconcours um Radio (RTL):

1: Hei de Link op den Reportage vum 05 Juli 2016 (Emissioun „Kiosk“ um RTL)

2: De Radio-Spot (Pub) :

 


E puer éischt Photos:


Kabaräsconcours 2016 – wéi ass et ugaang?

Mir spille rëm Kabarä am Summer (13. bis de 16. Juli 2016)!
Dëst Kéier an enger richteger Hal. (Do gët och kee kal!)
Allerdéngs decidéiere net mir, wat leeft:

Mir spillen an Dir schreift!
Mir spillen, wat Dir geschriwwen hutt.
Mir spillen Äre Kabarä!

Mir sichen dofir Kabaräs-Texter. Neier, déi nach ni gespillt goufen, mä extra fir dëse Concours geschriwwe ginn. D’Thema dëst Joer ass: “ ‘t gëtt net gefuddelt!”.

Loosst Iech inspiréiere vun der Aktualitéit, där politescher, där kultureller, där sportlecher, där lokaler, där nationaler, där internationaler, vläicht och där perséinlecher. Oder ganz einfach vun de klenge mënschleche Katastrophen an Naupen, déi all Dag jidderengem passéiere kënnen, egal op Jonk oder Al, Kleng oder Grouss.

Spëtzt Är Fieder, wierzt net nëmme mat Peffer a Salz, mä sidd pickeg, witzeg, ironesch, satiresch oder einfach nëmme riicht eraus!

En onofhängege Jury wielt déi bescht Texter aus an déi kommen am Juli 2016 op d’Bühn presentéiert vun eiser Kabaräs-Equipp.

Kee schreift fir näischt. All Text, dee vum Jury ausgewielt gëtt an dee gespillt gëtt, kritt e klenge Cachet!

All Owend decidéiert de Publikum, wéi en Text him am beschte gefall huet an dat bréngt 100 €.

Den Haaptpräis vum Jury ass mat 1.000 € dotéiert.
D
en zweete Präis vum Jury si 500 €.

D‘Texter solle bis den 1. Februar 2016 erageschéckt ginn. D’Nimm vun den Auteure ginn eréischt um leschten Owend bekannt!

Mir waarden op Iech! Mir waarden op Är Texter!
M
ir freeën eis op eis gemeinsam Produktioun…

Hei fannt der d’Reglement vum Concours fir Kabarästexter

ASBL Op Schéimerech

Enregistrer