Asbl – Komité

Wëssenswertes & Nëtzleches iwwer d’A.s.b.l. Op Schéimerech

D’Membere vum aktuelle Komité

Christiane KREMER, Presidentin
Romain KOCKELMANN, Vize-President
Marie-Louise JERUSALEM, Sekretärin
Nadine KLEIN, Caissier
Joël BLEI
Tun FEINEN
Anouk FISCHBACH
Elisa GLAESENER
Pir KRIER
Manou SCHEITLER
Raoul WAGNER

(Photo 2016)

 

 

Mir stellen eis fir…

Am Mee 1997 war di traditionell Ausstellung „Konscht als Hobby“, déi all Joer vun der Kulturkommissioun organiséiert gëtt, am nei aménagéierte Musekssall zu Kielen. Elo stellt der Iech sécher d’Fro, wat dat dann elo mat der Geschicht vu Schéimerech ze dinn huet. Dir hutt Recht : guer näischt! Oder dach … Hei ass näämlech aus engem harmlose Gespréich tëschent zwee Kielener iwwert d’Gemeng, d’Uertschaft an hir Geschicht den Ufank vun enger Initiative entstanen, déi am Juli 2000 hiert éischt Zil erreecht huet. D’Passioun, fir dat wat fréier war an aus deem dat wat haut ass jo huet mussen entstoen, war bei béide present an huet eigentlech nëmmen e Wee gesicht, fir sech duerzestellen.

D’Loscht war do, dach um Enn vum Jordausend, Spure vun dem Liewen an der Gemeng Kielen festzehalen an en historesche Grond gouf et och : de Site „ Op Schéimerech“.

Et blouf just nach d’Fro op, wéi een d’Geschicht vun eiser Heemecht kënnt op flott originell Manéier festhalen an esou datt jidderee Freed huet sech derfir ze intresséieren, ouni langootmeg a komplizéiert Texter oder Bicher ze liesen.

D’Iddi ass zu Groussbus geléint, do wou de Jemp Schuster, lëtzebuerger Kabaretist , Acteur an Auteur, historesch Stécker opgefouert huet.

Hie war spontan vun der Geschicht an haaptsächlech vum Site „Op Schéimerech“ begeeschtert an inspiréiert.

Et huet mussen eng Basis fir dëse Projet geschaf ginn an dat war 1998 d’Grënnung vun der ASBL „Op Schéimerech“. An d’Grënnungsmembere ware vun Ufank u quasi all déi al Huese vum Kabarä Kielen, déi sech an den 80er an 90er Joeren am FC Kielen fonnt haten an all Joer mat hirem pickegen, lëschtege Programm déi kléng a grouss politesch a mënschlech Schwächten op d’Schëpp geholl hunn. Den Haaptoptrag gouf et Theateroptrëtter an der Gemeng ze organiséieren. D’Décisioun fir domat ee neie Veräin ze grënne koum vun der Iwwerleeung, dat mir ganz neutral wollte bleiwen, kéng Konkurrenz zu bestehende Veräiner wollte ginn an domat op wieren an zesumme mat anere Veräiner an allen intresséierten Awunner aus der Gemeng Kielen géingen zesumme schaffen.

Wie spontan Loscht hätt matzespillen oder och am Hannergrond matzeschaffe sollt d’Geleeënheet dozou kréien. Konditioune ware keng ze erfëllen – Bühnenerfahrung war keng erfuerdert. Dat eenzegt wat zum Engagement gehéiert, war natierlech d’Freed um Spillen a sech och dofir kënnen Zäit huelen.

60 Acteuren (Statiste matgerechent) ware fir déi éischt Produktioun op der Bühn.

Déi éischt Opféierung sollt dann och am richtegen historesche Kader spillen: eben op Schéimerech. An do hu mer hannert der Kapell an hannert der Kierfechtsmauer en Terrain fonnt, dee wierklech ideal ass an all Konditiounen erfëllt: natierlechen Dekor, eng gutt Akustik an en Terrain, deen den Ament nett benotzt gëtt. De Propriétaire, déi Kielener Gemeng huet eist Uleies positiv opgeholl an den Terrain richteg aménagéiert.

D’Basis stoung also Ufank 99.

Do tëschent wore mir och nach als Kabarä Kielen aktiv mat back@broutgaass.ke am November 2001 a mat D’Zäit leeft am Oktober 2003.
Op dem 31. Dezember 2005, op Sylvester also, hu mir eppes Neies ausprobéiert, wéi et esou hei zu Lëtzebuerg wuel nach nett opgefouert ginn ass. Mir hunn et Mort Subite – Ee gastromäerderesche Krimiowend genannt.


Freier Membere vum Comité

Joël ADAM
Silviane BECKER
Annick BIVER
Danielle CLOSENER-FEYEREISEN
Luc DEMUTH
Trixi FERO
Dany HARDT
Norbert KASEL
Véronique MAAS
Anne MATHEKOWITSCH
Françoise NEU
Manfred NEU
Pol PEPIN
Luss PLUMER
Joël SCHEITLER
Nico STENDEBACH
Laurent THEIS
Pol WAGNER
Stephanie WELBES


Wou läit de Site vu Schéimerech ?

Schéimerech läit just nordöstlech vu Kielen, do wou haut och nach de Kierfecht ze fannen ass mat der aler Kapell. Op dëser Plaz huet een eng Siicht déi wäit iwwert Kielen eraus an d’Land geet. Et wor och schonns am Altertum eng Plaz, wou sech d’Weeër gekräizt hunn. Am Besonneschen déi wou d’Réimer ugeluecht haten. Sie woren et och, déi hei en Denkmal opgeriicht haten a Form vun enger Sail déi hirem Gott, dem Jupiter, geweit wor. De Sockel dovunner kann een haut als Kopie virum Agang vum Kierfecht bewonneren, de sougenanntenen Hädesteen op Schéimerech. Den Original ass am Nationalmusée ënnerbruecht.