Aaner méi kleng Produktiounen


19.10.2011: KRIMI-DINNER: MORD OP ORDONNANCE

D’Asbl Op Schéimerech an d’Asbl Spektakel presentéieren: Mord op Ordonnance, e Krimi-Dinner vum Christiane Kremer.
De bekannte Schéinheetschirurg Professer Dr. Dr. Gabriel Martin huet all Grond ze feieren. A sengem Beruff huet hie just Succès, hie steet vru sengem drëtte Bestietnes mat enger jonker Aarbechts-Kollegin an e feiert säi 50te Gebuertsdag. Dofir huet hien eng grouss Party a sengem Haus organiséiert a vill Gäscht aus Famill, Job a politescher Prominenz invitéiert. Mee net all Gaascht deen opdaucht ass gär gesinn an net all Gaascht deen do ass, kënnt just fir ze feieren. Nach virum Dessert geschitt eppes Onerwaartes! 

„Mord op Ordonnance“ ass e Krimi-Dinner bei deem de Publikum den Detektiv spille muss.
Text: Christiane Kremer
Musek: Paul Pepin
Regie: Jemp Schuster
Et spillen: Annick Biver, Marie-Louise Jerusalem, Michèle Turpel, Danielle Closener, Christiane Kremer, Raoul Wagner, Luss Plumer, Joël Scheitler, Manou Scheitler, Joël Blei, Paul Wagner a Romain Kockelmann.

Première: Samschdes den 19. November, um 19:00, am Kader vun de Bicherdeeg zu Walfer.
Reservatioun: Gemeng Walfer, Telefon: 33 01 44 1 oder per Mail op secretariat@walfer.lu. Als Konfirmatioun vun der Reservatioun sinn 68,00 Euros pro Persoun op de Kont BCEELULL IBAN LU43 0019 1755 4741 4000 ze iwwerweisen, mat der Mentioun „MORD“.

Silvester-Virstellung (leider schon ausverkaaf!) den 31. Dezember um 19.00h am Museksall zu Kielen mat 4-Gang-Menü vum Restaurant Joël Schaeffer an enger Coupe Schampes.

Et sin awer nach Tickets do, fir déi zweet Virstellung: Neijoersdaag Sonndes den 1. Januar 2012 um 18.00h am Museksall, och mat 4-Gang-Menü vum Restaurant Joël Schaeffer an enger Coupe Schampes. Präiss all Kéier 85 Euros. Umelldungen fir Neijoersdaag iwwer Tel.: 661 166 660 (tëschent 19 an 21 Auer). De Menu: Crème rénovateur aux légumes hydratantes – Crème de Patate douce au Piment d’Espelette en Cocotte luttée – Tube de Guacamole au Wasabi – Croûton de Truite saumonée Mariné aux Epices (Mier zervéieren op engem Holzbried en Taass mat der Zopp déi mat Bliederdeeg iwerbaak ass, dernierft eng Tub mat enger Avokadoscreme an en klengt steckchen marinéiert Forell) Filet de Botoxine aux 3 sauces – Filet de Sandre en Croûte de Trompettes de la Mort – Mousseline de Céleri à la Truffe – Pipette de Jus de Crustacés (Sauce No1) – Ecume de Hëpperdanger-Bio-Kéis (Sauce No3) – Sphère de Petit pois (Sauce No2) La noix de veau rôtie accompagnée d’un lifting de légumes frais – Noix de Veau au Lard fumé tranchée – Légumes infusés aux Aromates sur une gelée chaude à la Tomate – Crémeux de Pomme de Terre à la Moutarde Gàteau aux noix – Biscuit aux Noix de Pecan – Crème Brûlée aux Noix de Macadamia – Glace à la Noisette et Chocolat Blanc – Sauce à l’Amande


18.11.2006: MORT SUBITE – EE GASTROMAERDERESCHE KRIMIOWEND OP DE WALFER BICHERDEEG

Ee gastromäerderesche Krimi-Owend

Do baussen hault ee grujelege Wand,
wann de Premier vun engem klenge Land,
säin Abschied plangt.
Ee Referendum huet him d’Genéck gebrach.
Politesch!
Elo sinn d’Reiwereien do.
Wie kënnt, wie bleiwt, wie geet?
Virum Enn vum Owend muss d’Entscheedung falen!
Dir sidd derbäi a knobelt mat,
wann déi Bedeelegt hir richteg Naupe weisen.


26.03.2006: ROBIN HUTT | KANNERTHEATER JADDERMUNNES

Am Kader vum TELEVIE 2006 a mat Ënnerstetzung duerch d‘ Kulturkommissioun vun der Gemeng Kielen weise mer Iech de 26. Mäerz 2006 um 17 Auer am Ronnbau zu Kielen dem Kannertheater JADDERMUNNES säi

Den Entrée vu 7 € fir Erwuessener geet integral un den Télévie. Fir all Kand ënner 12 Joer komme nach eng Kéier 5 € vum Veräin aus derbäi. Fir Gedrénks, Kaffi a Kuch ass och gesuergt.

Hei ass dem Jemp Schuster seng Meenung zu dëser Geschicht:

De Robin Hood, deen am Sherwood Forest an England soll gelieft hunn, deen ass et vläicht ni ginn. Och wann de Kevin Costner vun Hollywood, deen am Film de Robin gespillt huet, behaapt, hien hätt e perséinlech kannt, da wëllt dat nach guer näischt heeschen. Well dee richtege Robin Hutt, huet sech anescht geschriwwen, an deen huet zu Lëtzebuerg am Huttebësch gelieft. Dee Bësch gëtt et haut net méi, se hunn en ewech geha fir eng Autobunn ze bauen.

Awer déi Zäit wéi de Robin Hutt am Huttebësch gelieft huet, du war nach alles e bëssen anescht ewéi haut. Dat ass schon éiweg laang hier, et war nach iwwerall Mëttelalter op der Welt, vill Kinnéken a Ritter sinn op Jerusalem gepilgert, well et en heiheem ze langweileg ginn ass. A wann se fort waren, hunn anerer probéiert hier Plaz um Troun ze kréien.

De Robin Hutt war ee Gudden. Deen huet opgepasst, datt kee séngem Här, dem Rischi Léiwenhäerz, eppes ewech geholl huet, esou laang wéi dee fort war. Neen, dat huet hie selwer organiséiert. Hien huet déi Räich iwwerfall, an en huet alles, oder bal alles un déi Arem verdeelt. Awer nëmme wann se zu him an zu sénger Band gehalen hunn.

De Kannertheater Jaddermunnes spillt d’Geschicht vum Robin Hutt no engem Text vum Jemp Schuster. Den Dekor an d’Affiche si vum Pit Weyer, d’Kostümer vum Anne Weyer a Sylvie Hamus, d’Musék huet de Frank Möller geschriwwen. De Jemp Schuster mécht d’Regie an et spillen:

Robin Hutt – Fos Schuster
Marianne – Michèle Turpel
Brudder Tuck – Arn Wallenborn
Firlefanz an Zaldot – Josée Hoss
Farlefinz an Zaldot – Dany Hardt


28.01.2006: JEMP SCHUSTER | ECH SOEN NAISCHT

Et ass vill passéiert an deem vergaangene Joer. Wat war dann elo besonnesch wichteg? Dat hänkt ëmmer dervun of, vu wou een et kuckt.
Et ware Wahlen, nationaler a kommunaler, an ee Referendum deen op een Hoer eng Staatskris äusgeléist hätt, awer wichteg waren déi Evénementer doutsécher net. Et si bekannt a manner bekannt Leit gestuerwen, an et weess keen, ob se do ukomm sinn wou se hiwollten. Et sinn der a Pensioun gaangen oder ënnergedäucht, anerer sinn einfach esou verschwonnen an ni méi opgedäucht. Also kënne mer déi och vergiessen.
Deenen engen ass de Plafong op de Kapp gefall, déi aner hu keen Daach méi iwwert dem Kapp. Wat ass dann elo méi schlëmm, a geet dat duer fir sech een Owend dermat opzehalen? Elo ass och nach de Bensin méi deier ginn, do muss een dach eppes driwwer soen. Dat ass mat dat Wichtegst!
Neen am Eescht? Wat soll een dann nach soen, wann d’Realitéit méi schlëmm ass wéi déi schlëmmste Fiktioun, a wa souwisou jidderee seng perséinlech Meenung iwwert alles huet? Heinsdo ass et besser, et denkt een sech säint, an et seet een näischt. A beim Haartdenke kënnt dann awer esou munches op d’Tapéit.

31.12.2005: MORT SUBITE | EE GASTROMAERDERESCHE KRIMIOWEND


21.11.2005: CABARENERT | SCHWAMM DRIWWER

Den Hierscht ass bekanntlech d’Zäit vun de Rentréen. D’Vakanz ass sou lues eriwwer, an den Eescht vum Liewe geet nees un. D’Kanner hunn hier Bläistëfter gespëtzt fir d’Schoulrentrée, den Trafic op de Stroossen hëlt zou, a wann een den ëffentlechen Transport nach ëmmer net entdeckt huet, da muss een nees éischter fort fuere fir mat d’Zäit op der Aarbecht un ze kommen. Vereenzelt goufe souguer schonn nees Politiker hei am Land gesinn, déi gutt ausgerascht, där politescher Rentrée entgéint féiweren.
D’Équipe vum Cabarenert huet vun senger kreativer Paus profitéiert fir sech fräi ze schwammen, an ass lo nees prett fir sech an d’Stréimung ze geheien.
Geschriwwe gëtt dëse Programm an Texter vum : Roland Gelhausen a vum Jay Schiltz.
Op der Bühn stinn: Monique Melsen, Marianne Pettinger, Roland Gelhausen a Pascal Granicz.
Regie féiert de Conny Scheel.

29.09.2005: DECKKAEPP ZU KEESPELT AN DER HAL FAKEME


02.04.2005: ZAITZEECHEN | D’FEIERSTEPPLER

„Et muss e mat der Zäit mat virugoën“, sou soën d’Leit. Muss en oder huet e keng aner Wiel ? D’Leit kommen iwerhaapt net méi no, si gi vun der Zäit iwerlaaf! A firwat? Wat huet sech dann alles geännert?
Déi Zeeche vun der Zäit setzen d’Feierstëppler zesumme mat den Auteuren Rol. Gelhausen, Jemp Schuster, Serge Tonnar a Jean-Michel Treinen.
Wien dat net versteet krit et gesong, an dofir ass de Balli Balldauf zoustänneg.
Et spillen a sangen: Lil Ensch, Marie-Jeanne Jacobs, Lucienne Schleimer, Christiane Thommes, Romain Schleimer a Clod Thommes
Assistenz : Anne-Marie Diederich

Wann Dir derbäi si wëllt, da kommt den 2. Abrëll 2005 um 20:00 Auer an de Café SHINI’Z op Kielen.
Reservéieren kënnt Dir ab 18:00 Auer ënnert der Nummer 061/16 66 60.
Den Entrée ass 10 €. D’Plaze si begrenzt !


 

13.03.2005: PINOCCHIO | KANNERTHEATER JADDERMUNNES | TELEVIE

Mat der Ënnerstetzung vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Kielen
organiséiert d‘ A.s.b.l. OP SCHEIMERECH déi heiten Opféierung.
Den Entréespräis vu 7 Euro fir all Erwuessenen gëtt integral un „Télévie“ gespent.
D’Kanner bezuele keen Entrée. Et gett och keng Reservatioun um Internet.
Fir all Kand dat matbruecht gëtt, leet de Veräin nach eng Kéier 5 Euro derbäi.
Doniewt ass fir Gedrenks gesuergt, souwéi fir Kaffi a Kuch.

De Pinocchio vum Carlo Collodi ass eigentlech eng al Geschicht, em d’Joer 1880 an Italien entstanen.
Kënne mer haut am Zäitalter vun der Playstation wou jidderee mat séngem eegenen Handy um Ouer dorëmmer leeft, nach eppes matt enger klenger Holzepopp ufänken? Dat wëllt de Kannertheater Jaddermunnes probéieren.
Wat gëtt et Schéineres wéi sech am Theater an d’Welt vum Schräinermeeschter Geppetto entféieren ze loossen! De Pinocchio fält deem aarme Mann jo souzesoen an de Schouss, an et kann ee soen datt dee matt sengem Bouf geplot ass.
De Pinocchio ass keen dee brav um Stull sëtze bleift, et zitt en an d’Welt eräus, an do erlieft en déi schlëmmste Saachen, an e gëtt Léiergeld. Wann dach nëmmen déi laang Nues net wier, dann hätt en et vill méi einfach.
E geréit an den Zirkus, duerno op ee Bauerenhaff, e muss d’Hinger hidden, awer de Fuuss an de Kueder probéieren en dorunner ze hënneren.
Wann de Pinocchio guer net méi äus an a weess, da kënnt d’Fee mat de bloen Hoer him hëllefen. Et weess kee wou se hierkënnt, si ass op eemol do. An dat geet jo och duer.
Et muss een net op all Fro eng Äentwert sichen, heindo ass et gutt wann esou ee klengt Geheimnis stoe bleift.
De Pinocchio kënnt, op der Sich no sengem Papp, bei d’Mier, an do däucht een décke Wal äus dem Waasser op. Dee wäerd säi Papp dach net….!!!. Dach deen huet säi Papp geschléckt.
Elo muss de Pinocchio all säi Courage zesummen huelen.

Spill: Rolly Fellerich, Michèle Turpel, Fos Schuster
Text a Regie: Jemp Schuster
Musék: Frank Möller
Dekor: Anne a Pit Weyer
Kostüm: Anne Weyer a Sylvie Hamus


 

31.01.2004: PROPPER ZÄITEN | JEMP SCHUSTER

„Dat Schlëmmst hu mer hannert eis. Mir stinn elo propper do. Wéi geleckt. Mir hunn déi knaschteg Wäsch gemaacht, dat knaschtegt Geld gewäsch, déi knaschteg Britt äusgeschott, déi knaschteg Lächer gestoppt an dat knaschtegt Laache verbueden.
Elo ass alles clean, mir gi propperen Zäiten entgéint, a wa vun iirgendwou eng nei Peschtäis sollt bedreeën, da wësse miräis ze hëllefen. Mat proppere Gesetzer a propperen Demonstratioune fir ee proppere Wirtschaftswuestum op proppere Stroossen vu proppere Patréiner iwwerwaacht. Wann dann ee seng knaschteg Patten net ka bei sech halen, da kritt en eng drop. Awer eng déi sech gewäsch huet.
Text: Jemp SCHUSTER

 

10.01.2004: MACH D’KRÄIZ …AN ALLES BLEIWT BESSER | CABARENERT

Bestëmmt spiert Der schonn, ëm wat et geet: Mir gi stëmmen, d. h. mir bestëmmen déi, déi iwwer äis bestëmmen. D’Kräiz ass, wa mer se bis gestëmmt hunn – mat Kräizer oder mam Rondel – da stëmmt näischt méi, da kann een sech mat Kräizer seenen, mä da si mer nees Stëmmercher.
Ier et awer souwäit ass, wëlle mir e Wiertche matschwätzen. Mir hunn och e „Wahlprogramm“ opgesat! Dee gëtt deelweis souguer gesongen, mä am Prinzip ass e geduecht, datt mir als Zwangs-Kräizermécher dëse Programm all deene Kräizerbaueren op all deene Lëschten zerguttst ëm d’Ouere schlon.
Et geet awer net nëmmen ëm Lëschten, Polit-Marketing, Phone-Voting an éischt Héichrechnungen, – mir bliederen donieft am Lydie sengem Fotoalbum, staunen iwwert eis Koordi-Natioun, huelen d’Ännchen mat op Pisa, schécken de Castec op säi leschten éischte Mee a gesinn d’Erna, wéi et op de Rolling Stones ausrutscht … mä looss mer net alles vum Programm verroden, där verrodener Programmer ginn et nach ze vill.
D’Munitioun fir eis Stëmmungs-Kanounen liwweren eis akkreditéiert Schreifdëschtäter, Roland Gelhausen a Jay Schiltz. Vun de klenge Brieder déi d’Welt bedeiten gëtt da schaarf geschoss op déi, deenen d’Brieder virum Kapp d’Welt bedeiten.
Mam Fanger um Hinnche waarden do schonns de Roland Gelhausen, de Pascal Granicz, d’Monique Melsen, d’Marianne Pettinger an de Conny Scheel. Onhelleg Musek derzou liwwert de Stoffels Fränz.
D’Première ass den 7. November am „Check Inn“ um Findel, wou am November an am Dezember nach eng ganz Rëtsch vu weidere Virstellunge sinn.
Natierlech geet de „Cabarenert“ duerno op Tournée, an zwar bis kuerz virum D-Day, wou d’Bierger Kräizer man, a wou een sech owes hoffentlech net bekräizege muss.

18.10.2003: D’ZÄIT LEEFT | KABARÄ KIELEN


28.03.2003: RENG GEHEEKELT | MAKADAMMEN


 

08.03.2003: GËLLE FRA-WËLLE MANN | PEFFERMILLCHEN


 

01.02.2003: ASS EPPES | JEMP SCHUSTER


 

10.02.2002: MIR HU GELD | FREIE LËTZEBUERGER VOLLEKSTHEATER


 

02.02.2002: HÄPPI END | JEMP SCHUSTER


 

03.01.2002: FIXFEIER | CABARENERT


 

10.11.2001: BACK@BROUTGAASS | KABARÄ KIELEN


 

09.03.2001: ENDSTATIOUN GEENZUUCHT | CABARENERT


 

03.02.2001: ALLES SCHMINK | KABARÄ JEMP SCHUSTER & MADY DURRER


 

 

 

01.03.2000: ONKRAUT VERGEET NËT | CABARENERT


 

01.02.2000: MÄNNER WOU SIDD DER ? | JEMP SCHUSTER & HEIKE SPLITTGERBER


 

01.02.1999: FAASCHTENZÄIT | KABARÄ JEMP SCHUSTER & MADY DURRER