Kategorie: Opféierung vun engem aaneren Ensemble Endlech Alaska! (mam Monique Melsen, Mady Dürrer a Marcel Heintz )

Endlech Alaska! (mam Monique Melsen, Mady Dürrer a Marcel Heintz )

Wéini:   26. November 2017, 17:00 Auer
Genre:   Opféierung vun engem aaneren Ensemble

En Theaterstéck mam: Mady Durrer, Monique Melsen a Marcel Heintz
Auteur - Jay Schiltz
Mise en scène - Claude Mangen
Kostümer - Sylvie Hamus - Regieassistenz - Cristina Kneip
Technik - Jaakes Hoffmann a Charles Stoltz

Mat dësem drëtten Deel schléisst de Jay Schiltz seng Alaska-Trilogie mam Monique a mam Marcel of. No den turbulenten éischte Jore vun hirer Pensioun (E Wäibierg
an Alaska) an dem Marcel sengem Ausflug an d’Politik (Wéi wäit nach bis Alaska?), maachen déi zwee am leschten Deel elo de Bilan vun engem laangen a gemeinsame
Liewen. Mee dat geschitt allerdéngs op eng Aart a Weis, déi op dëser Plaz net soll verrode ginn. Och am drëtten Deel sinn d’Monique an de Marcel, wéi ëmmer, fir eng Iwwerraschung gutt. Mat vill Witz a plazeweis schwaarzem Humor, awer och nodenklech, beschreift de Jay Schiltz eng Koppel, déi zu gudder Lescht mat deemjéinege konfrontéiert gëtt, deen op eis alleguer waart.

Wou:
Kielener Museksall (Fanfare Kehlen A.s.b.l)
8, rue du Centre
Kehlen, 8282
Luxemburg
    Dieser Eintrag wurde von Pir veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen zum Permalink.