Kategorie: Open Air Event Fräiliichttheater 2010 | De Superjhemp géint de Pnömonni

Fräiliichttheater 2010 | De Superjhemp géint de Pnömonni

Wéini:   22. Juli 2010, N/A Auer
Genre:   Open Air Event


DE SUPERJHEMP GEINT DE PNÖMONNI

Eng grouss Katastrof ass am Umarsch. D’Pole schmëlzen a Schéimerech steet kuerz virum Ënnergank. Dat predigen emol déi Schwaarzmoler, déi behaapten et wier ganz bestëmmt wouer an et géif keng Rettung méi.De Filip von Filoux wëllt als eenzege Gerechten iwwerliewen. E léisst sech vun de Leit, déi en a seng Gewalt bruecht huet, eng Arch bauen. E risegrousst Schëff äus Pnöen. Dofir gëtt de Filip dann och vun de Leit de Pnömonni genannt.

Eng Pnömonni ass awer och eng Krankheet déi ee vu bannen eräus opfrësst, a wa se bis am Kapp ukomm ass, dann ass een net méi ze retten

D’Situatioun ass weltënnerganksméisseg. Gëtt et da guer keng Hoffnung méi ? Dach. De Superjhemp, deen d’Land jo schonn esou dacks am leschte Moment virun all méiglechen an onméigleche Katastrofe gerett huet, deen ass och dës Kéier bei Hand a Fousss, wann et drop ukënnt.

An de Pnömonni geet mat sengem Wonnerschëff ënner. En hat et net besser verdéngt.

Coproduktioun: Asbl “Op Schéimerech” Kehlen a “Spektakel Asbl”

Text a Regie : Jemp Schuster
Assistenz: Michèle Turpel
Kostümer: Sylvie Hamus
Musek: Pol Pepin
Dekor: Asbl “Op Schéimerech”

Ënnert dem Patronage vum Kulturministär, dem Nationale Kulturfong an der Gemeng Kielen.

Gespillt gëtt op der Fräiliichtbühn op Schéimerech zu Kielen,
Première ass Donneschdes den 22. Juli 2010
Weider Virstellungen:
23., 24., 25., 28., 29., 30. a 31. Juli 2010
All Kéier um 21.00 Auer.

Iwwerdeckten Tribünen

Wou:
Op Schéimerech (Open Air Site)
rue du Cimetière
Kehlen,
Luxemburg
    Dieser Eintrag wurde von admin_wp veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen zum Permalink.