Kategorie: Theater Krimi-Dinner: Mord op Ordonnance

Krimi-Dinner: Mord op Ordonnance

Wéini:   19. Oktober 2011, 07:50 Auer
Genre:   Theater

D'Asbl Op Schéimerech an d'Asbl Spektakel presentéieren:

Mord op Ordonnance, e Krimi-Dinner vum Christiane Kremer

De bekannte Schéinheetschirurg Professer Dr. Dr. Gabriel Martin huet all Grond ze feieren. A sengem Beruff huet hie just Succès, hie steet vru sengem drëtte Bestietnes mat enger jonker Aarbechts-Kollegin an e feiert säi 50te Gebuertsdag.

Dofir huet hien eng grouss Party a sengem Haus organiséiert a vill Gäscht aus Famill, Job a politescher Prominenz invitéiert. Mee net all Gaascht deen opdaucht ass gär gesinn an net all Gaascht deen do ass, kënnt just fir ze feieren.

Nach virum Dessert geschitt eppes Onerwaartes!

"Mord op Ordonnance" ass e Krimi-Dinner bei deem de Publikum den Detektiv spille muss.

Text: Christiane Kremer
Musek: Paul Pepin
Regie: Jemp Schuster

Et spillen: Annick Biver, Marie-Louise Jerusalem, Michèle Turpel, Danielle Closener, Christiane Kremer, Raoul Wagner, Luss Plumer, Joël Scheitler, Manou Scheitler, Joël Blei, Paul Wagner a Romain Kockelmann.

Première: Samschdes den 19. November, um 19:00, am Kader vun de Bicherdeeg zu Walfer.
Reservatioun: Gemeng Walfer, Telefon: 33 01 44 1 oder per Mail op secretariat@walfer.lu
Als Konfirmatioun vun der Reservatioun sinn 68,00 Euros pro Persoun op de Kont
BCEELULL IBAN LU43 0019 1755 4741 4000 ze iwwerweisen, mat der Mentioun "MORD".

Silvester-Virstellung (leider schon ausverkaaf!) den 31. Dezember um 19.00h am Museksall zu Kielen mat 4-Gang-Menü vum Restaurant Joël Schaeffer an enger Coupe Schampes.

Et sin awer nach Tickets do, fir déi zweet Virstellung: Neijoersdaag Sonndes den 1. Januar 2012 um 18.00h am Museksall, och mat 4-Gang-Menü vum Restaurant Joël Schaeffer an enger Coupe Schampes.
Präiss all Kéier 85 Euros.
Umelldungen fir Neijoersdaag iwwer Tel.: 661 166 660 (tëschent 19 an 21 Auer).

De Menu:

Crème rénovateur aux légumes hydratantes
- Crème de Patate douce au Piment d’Espelette en Cocotte luttée
- Tube de Guacamole au Wasabi
- Croûton de Truite saumonée Mariné aux Epices
( Mier zervéieren op engem Holzbried en Taass mat der Zopp déi mat Bliederdeeg iwerbaak ass, dernierft eng Tub mat enger Avokadoscreme an en klengt steckchen marinéiert Forell)

Filet de Botoxine aux 3 sauces
- Filet de Sandre en Croûte de Trompettes de la Mort
- Mousseline de Céleri à la Truffe
- Pipette de Jus de Crustacés (Sauce N°1)
- Ecume de Hëpperdanger-Bio-Kéis (Sauce N°3)
- Sphère de Petit pois (Sauce N°2)

La noix de veau rôtie accompagnée d’un lifting de légumes frais
- Noix de Veau au Lard fumé tranchée
- Légumes infusés aux Aromates sur une gelée chaude à la Tomate
- Crémeux de Pomme de Terre à la Moutarde

Gâteau aux noix
- Biscuit aux Noix de Pecan
- Crème Brûlée aux Noix de Macadamia
- Glace à la Noisette et Chocolat Blanc
- Sauce à l’Amande

Hei gin et déi éischt Photos (Source: Lucien Konezcny an Photothéik Kielen)

Wou:
Walfer Bicherdeeg
    Dieser Eintrag wurde von admin_wp veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen zum Permalink.