Kategorie: Opféierung vun engem aaneren Ensemble Pinocchio | Kannertheater Jaddermunnes | Televie

Pinocchio | Kannertheater Jaddermunnes | Televie

Wéini:   13. März 2005, N/A Auer
Genre:   Opféierung vun engem aaneren Ensemble


Mat der Ënnerstetzung vun der Kulturkommissioun vun der Gemeng Kielen
organiséiert d' A.s.b.l. OP SCHEIMERECH déi heiten Opféierung.
Den Entréespräis vu 7 Euro fir all Erwuessenen gëtt integral un "Télévie" gespent.
D'Kanner bezuele keen Entrée. Et gett och keng Reservatioun um Internet.
Fir all Kand dat matbruecht gëtt, leet de Veräin nach eng Kéier 5 Euro derbäi.
Doniewt ass fir Gedrenks gesuergt, souwéi fir Kaffi a Kuch.

Ornament

De Pinocchio vum Carlo Collodi ass eigentlech eng al Geschicht, em d'Joer 1880 an Italien entstanen.
Kënne mer haut am Zäitalter vun der Playstation wou jidderee mat séngem eegenen Handy um Ouer dorëmmer leeft, nach eppes matt enger klenger Holzepopp ufänken? Dat wëllt de Kannertheater Jaddermunnes probéieren.
Wat gëtt et Schéineres wéi sech am Theater an d'Welt vum Schräinermeeschter Geppetto entféieren ze loossen! De Pinocchio fält deem aarme Mann jo souzesoen an de Schouss, an et kann ee soen datt dee matt sengem Bouf geplot ass.
De Pinocchio ass keen dee brav um Stull sëtze bleift, et zitt en an d'Welt eräus, an do erlieft en déi schlëmmste Saachen, an e gëtt Léiergeld. Wann dach nëmmen déi laang Nues net wier, dann hätt en et vill méi einfach.
E geréit an den Zirkus, duerno op ee Bauerenhaff, e muss d'Hinger hidden, awer de Fuuss an de Kueder probéieren en dorunner ze hënneren.
Wann de Pinocchio guer net méi äus an a weess, da kënnt d'Fee mat de bloen Hoer him hëllefen. Et weess kee wou se hierkënnt, si ass op eemol do. An dat geet jo och duer.
Et muss een net op all Fro eng Äentwert sichen, heindo ass et gutt wann esou ee klengt Geheimnis stoe bleift.
De Pinocchio kënnt, op der Sich no sengem Papp, bei d'Mier, an do däucht een décke Wal äus dem Waasser op. Dee wäerd säi Papp dach net....!!!. Dach deen huet säi Papp geschléckt.
Elo muss de Pinocchio all säi Courage zesummen huelen.

Pinocchio

Televie 2005

Spill:
Text a Regie:
Musék:
Dekor:
Kostüm:

Rolly Fellerich, Michèle Turpel, Fos Schuster
Jem Schuster
FrankMöller
Anne a Pit Weyer
Anne Weyer a Sylvie Hamus

 

Wou:
    Dieser Eintrag wurde von admin_wp veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen zum Permalink.