Kategorie: Open Air Event Fräiliichttheater 2004 | D'Lompe stenken

Fräiliichttheater 2004 | D'Lompe stenken

Wéini:   21. Juli 2004, N/A Auer
Genre:   Open Air Event

"D'LOMPE STENKEN"
Fräiliicht-Theater zu Kielen "Op Schéimerech"

den 21.-22.-23.-24.-28.-29.-30. an 31. Juli 2004 um 21.00 Auer

 

Virwuert vun der Presidentin

Wann “d’Lompe sténken” soll der Iech nett d’Nues zouhalen, mee kucke kommen.

Zenter Woche scho gëtt op Schéimerech geschafft, gehummert, gezëmmert- zënter Méint scho gëtt bannen a bausse geprouft, geübt, geléiert. Alles leeft op Volltoure fir eng nei Aventure op Schéimerech, an nees eng Kéier eng, déi an d’Vergaangenheet féiert.

Mir entféieren Iech un den Ufank vum 19te Joerhonnert- no der franséischer Revolutioun, wéi de Napoleon seng Feldzich uechter Europa gemaach huet. Am Duercherneen an am Chaos vun deem wat nach Regelen a Gesetzer waren a wat keng méi, huet d’Populatioun staark gelidden, Aarmut war iwwerall a jiddereen huet op seng Manéier probéiert sech duerchzeschloen. Raiberbande sinn entstanen- an esou eng spillt och hir Roll am Stéck “D’Lompe sténken” ob se awer dofir elo méi kriminell sinn, wéi déi aner Personnagen am Stéck, dat muss der Iech da selwer ukucke kommen.

2500 Leit am Joer 2000 fir “Den Häedesteen op Schéimerech”, ronn 3000 Leit vrun 2 Joer fir de “Kaffi de la Gare”, dat huet eis gewisen, datt et Iech gutt bei eis gefall huet an dat huet d’Equipe motivéiert 2004 nach emol eng Nei-Inszenéierung ze woen.

D’Erfahrung war awer nett nëmme wéinst den Entrées-Zuele wichteg fir eis. Aus der Uganks-Iddi fir d’Joer 2000 e spezielle Spektakel matt historeschem Hannergrond ze kreéieren an opzeféieren, ass elo eng Initiative entstan, déi sech selbststänneg gemaach huet a Kräfte fräigesat huet, déi kee sech konnt um Ufank virstellen. “Op Schéimerech” ass eng grouss Famill ginn, oder soll ech soen eng Familjenentreprise, wou jiddereen dee matmécht entretemps seng Fonctioun, seng Roll huet.

Charakterkäpp an Talenter hu sech erausgeschielt, Frëndschafte sinn entstanen an den Zesummenhalt vun esou ville Leit aus allen Alterssparten an aus allen Deeler vun eiser Gemeng maachen e kreative Pool aus, deen eng wichteg sozial Roll spillt a vill méi ausmécht wéi eng einfach Open-Air-Theaterproduktioun.

Jiddereen – egal op Haaptroll, Statist, Techniker, Bühnendekorateur, Maquilleuse, Costumière oder Serveur(se) hannert dem Comptoir oder dem Grill– mécht de Succès vun “Op Schéimerech” aus. Nëmmen am Kollektiv kann esou eng staark Équipe entstoen an nëmmen esou ka Kreativitéit fräigesat ginn.

“D’Lompe sténken” vläicht am Stéck, awer nett ronderëm- dofir suergt de Jemp Schuster, deen dëst Stéck -dat reng fiktiv ass awer historesch beluegt- geschriwwen huet an och inszenéiert. Hie kennt seng Acteure well sou gutt, datt hien de Personnagen am Stéck däitlech d’Zich vun de Schauspiller gëtt. Passt emol op am Stéck- heiansdo wësst der nett op et eng Roll ass oder Realitéit.

Realitéit gëtt d’Stéck “D’Lompe sténken” tëscht dem 21 an dem 31 Juli um Site op Schéimerech.

Eis Reiberhiel ass op, kommt laanscht a freet iech matt eis.

Um Enn well ech awer nach emol alle Sponsoren, den offiziellen an ëffentleche Plazen an Institutiounen, den Acteuren a Fräiwëllegen an Iech eisem Publikum elo schonn häerzlech Merci soen.

Christiane Kremer
Presidentin Op Schéimerech asbl


Zum Inhalt vun eiser Geschicht

Am Joer 1795 gëtt d'Festung Lëtzebuerg vun de Fransouse besat. Iwwerall am Land sëtzen nach där klenger Adeleger als lescht Vertrieder vum ale Feudalsystem. Entweder maachen se sech elo ewech, oder se lafen iwwer, dat heescht se stellen sech als gutt Biirger an den Dingscht vum neie Regime. Dat probéiert och de Comte de Pérouse, ee vun de Kehlener Hären. Awer e gëtt um Wee fir op Diddenhuewe vun e puer Kehlener Männer a Fraen, ënnert der Féierung vum Mëller, opgefaang an äusgeraibert.

Joerelaang bleiwen déi Saachen äus deem Iwwerfall verschwonnen, well de Mëller d'Leit ëmmer berouegt, wann d'Fransousen äus dem Land wiren, da géif alles ënnert d'Duerfleit verdeelt ginn.

D'Zäit vergeet, mir begéinen d'Duerfleit am Joer 1810 erëm. Zwéi Gendaarme sollen am Duerf fir Uerdnung suergen, se kréien dat awer net richteg an de Grëff. De Mëller zitt seng Ficellen an huet iwwerall d'Fanger am Spill, wou eng kromm gedréint gëtt.

Do däucht eng kleng Trupp Kiirmesleit am Duerf op. Et traut keen en, se hunn ee schlechten Numm, a wéi de Joki der Mëllesch e puer Eer stibitzt, gëtt e vun de Gendaarme mattgeholl a gepisakt. Äus deene méi oder manner onschëllege Kiirmesleit gëtt no an no eng Raiberband, se rutschen ëmmer méi déif an d'Kriminalitéit of, well se engersäits an der neier Gesellschaft hir Plaz net fannen, anersäits awer vum groussen Duurjerneen am Land profitéieren, fir sech op hir Manéier duurchzeschloen.

De Kueb an de Rouden, di zwéin Haaptmänner, mussen alles drusetze fir hir Fraleit an der Gitt ze halen, well déi probéieren an engem Stéck äuszebriechen. De Mëller gëtt ëmmer méi brutal an onberechenbar, bis de Comte de Pérouse, deen elo Capitaine an der Arméi ass, mat e puer Zaldoten zu Kehlen opdäucht, a sech fir deen Iwwerfall viru 15 Joer revanchéiere wëllt. E geréit matzen an de Konflikt tëschent de Mëller matt séngen Duerfleit an de Kueb matt sénger klenger Raiberband. Elo fänken d'Lompen un ze sténken, an dat kann net méi gutt äusgoen.

Jemp Schuster

Den historesche Kontext

Zäit: tëschent 1795 an 1810
Plaz: Irgendwou am Land, an och op Schéimerech

Di nei Uerdnung D’Festung Lëtzebuerg gëtt 1795 vun de Fransouse besat. D’Eisträicher gi verjot. D’Bourgeoisie iwwerhëlt d’Muecht. Den Terror ass eriwwer. Zu Lëtzebuerg ginn et awer net genuch Bourgeoisen, well et nach ëmmer eng Baueregesellschaft ass. D’Uerdnung gëtt also emol eng zäitlaang vum Militär oprecht gehal.

Administratioun

wéi a Frankräich. Dat aalt Herzogtum Lëtzebuerg gëtt an dräi gedeelt. Dee gréissten Deel (2/3) gëtt den Département des Forêts mat der Haaptstad Lëtzebuerg. Den Norde vum Land gehéiert zum Département de l’Ourthe, mat Léck als Haaptstad, an den Nord-Osten zu Sambre-et-Meuse mat Namur. All Département gëtt an Arrondissementer an a Kantonen agedeelt.

Deen ale Regime muss awer gläichzäiteg ofgeschaaft ginn. Dat geet zimlech radikal an ouni Iwwergank. Doduurch entstinn onheemlech Lächer an der Administratioun. An Zäit vun e puer Woche sinn déi al Strukture verschwonnen, déi nach op de Feudalsystem opgebaut waren: De Provinzialrot, d’Magistratur vun der Stad Lëtzebuerg, d’Stänn, dat herrschaftlecht Justizwesen.

Déi nei Administratioun ass ganz zentralistesch opgebaut. „D’Administration centrale“, huet 5 Memberen, a stellt d’Regierung vum Departement duer. Dodrënner kënt eng Gemengeverwaltung un der Spëtzt vun all Kanton, an dann d’Agencen, also d’Gemenge mat hirem Buurgermeeschter a Konsellieën. Déi ginn all vu Regierungs-Kommissäre kontrolléiert.

Am Ufank ginn all déi Memberen ernannt, spéider gewielt. An der Zentralverwaltung sëtze vu 5 Leit 4 Fransousen. Bei de Kantoner sinn d’Lëtzebuerger an der Majoritéit. D’Kommissäre sinn all Fransousen. Déi meescht Lëtzebuerger Fonktionnäre sëtzen also tëschent zwee Still. Vun uewe ginn se kontrolléiert a vun ënnen traut keen en.

Justiz

Um Kantonale Plang : Friddensgeriichter, am Arrondissement de Correctionnel a ganz uewen den Tribunal Criminel. Vu 1796 un geet de Pouvoir vum Militär op d’Zivilisten iwwer. Lëtzebuerg bleift Garnisounsstad. D’Festung ass awer manner wichteg well d’Grenz elo um Rhein läit.

Eng Hellewull nei Gesetzer gëtt agefouert an d’Leit sinn einfach dermat iwwerfuerdert. (Z.B. Een neie Mooss a Gewiichtsystem, métrique an décimal), een neie Kalenner, Ënnerdréckung vun der Kiirch a Konfiskéiere vun hire Gidder. Dat verdroen d’Leit ganz schlecht, se fille sech schikanéiert. Well et gëtt vun de Leit verlaangt datt se aktiv um neie System deelhuelen, an net nëmmen alles iwwert sech ergoe loossen.

Keng kiirchlech Fester méi, mee republikanescher. Den Eed op d’Republik mecht de Paschtéier Problemer. Vill ginn der an den Ënnergrond a gi vun hire Leit verstoppt.

Steieren a Rekrutéierung

D’Fransouse bräuche Suen a Saache fir hir Arméien duurchzebréngen, an d’Leit musse Krichssteier bezuelen. Niewent Sue gi Päerd, Béischten, Fruucht, Hee a Stréi gebräucht, dat se och nach op d’Plaz musse féieren, alt emol bis op de Rhein. 1798 gëtt den obligatorische Militärdéngscht agefouert, an d’Lëtzebuerger zwangsrekrutéiert.

E puer Klenger wieren sech, et kënnt zum „Klëppelkrich“, deen awer ni ee Krich war, just eng gréisser Kläpperei, wou der alt erëm e puer de Kapp hänke gelooss hunn. 30 ginn der vum Militärgeriicht higeriicht, 24 agespaart, 19 fräigesprach.

Napoleon Bonaparte

Den 9. November 1799 gëtt de Generol Bonaparte duurch ee Staatsstreech 1. Konsul a Frankräich. E probéiert sech direkt erëm mat der Kiirch gutt ze halen. (Konkordat vun 1801) Dat gefält de Lëtzebuerger, an trotz der Zwansrekrutéierung akzeptéieren se no an no deen neie Regime. Et ginn der esouguer fräiwëlleg mam Napoléon an de Krich. Se nennen sech Napoléonsdénger. Déi net fort wëllen oder kënnen, duerfe sech ee Ramplassang kafen.

1804 kënnt den Napoleon an dat besatent Lëtzebuerg op Besuch, an e gëtt matt allen Eieren an der Stad ëmfaang. Am selweschte Joer gëtt och de Code Civil (Code Napoleon) agefouert.

Bis 1815 erginn d’Lëtzebuerger sech an di nei Uerdnung. Se waren et ëmmer esou gewinnt, an een eegent Nationalgefill gouf et nach net.

Politesch

Egalité devant la loi. Dat war nei, a besonnesch d’Bourgeoisie huet dovunner profitéiert a konnt sech etabléieren.

1797-98 sinn éischt Walen am Land, awer nëmmen déi ee bestëmmte Betrag u Steiere bezuelt hunn, konnte kandidéieren. Also waren déi räich Famillen uewen op. Pescatore, de la Fontaine, Seyler, Metz, heeschen di éischt Volléksvertrieder. Domatt waren awer emol op d’mannst d’Fransousen eräus.

Aféierung vum Etat Civil, Gebuurten, Bestiednisser, Stierffäll ginn op der Gemeng opgeholl an net méi am Parregëster. D’Kathoulesch Kiirch gëtt elo gläichgestallt mat der Protestantescher a Jiddescher.

Raiber

An deem ganzen Duurjerneen, ëntstinn hei an do kleng Raiberbanden, déi vun der onsécherer politescher Lag profitéieren fir zu hirem ze kommen. Et ass déi ënnescht Klass, déi näischt ze verléieren huet. Doléiner, Schënner, Mëller, Schéifer, Gierwer, Kirmesleit, Poppespiller, Musikanten an Houeren dinn sech zesummen oder fannen sech fir anzebriechen, ze sengen an ze brennen, a wann et net anescht geet, och alt ze muerden.

Dat geet sou laang, bis 1815 mam Wiener Kongress a mam Enn vum Napoleon, och zu Lëtzebuerg alles an nei Bunne kënnt. Di kleng a grouss Raiber gi fréi noder spéit all gefaang, an deemno wat se nogewise kréien, ginn se agelacht oder higeriicht. Meeschtens mat deem neien Instrument äus der Revolutioun, der Guillotine. En etlech ginn der och gehaang. An Däitschland esouguer nach verbrannt. Duerno gëtt et roueg an de Bëscher, well och dee leschte Wollef huet missten dru gleewen.

Wat bleift ass d’Romantik an d’Geschichten déi ronderëm gesponne gi sinn, an sech bis haut erhalen hunn. "D'Lompe sténken," ass eng vun deenen. S’ass doutsécher net esou geschitt, awer et hätt kënnen esou sinn.

Jemp Schuster

 


Et spillt tëschent de Joeren 1795 an 1810 an et heescht:

"D''LOMPE STENKEN"

Et geet hei em eng sougenannte Raibergeschicht an enger onsécherer Zäit vum Ëmbroch kuurz no der Franséischer Revolutioun. Hei vir an der Eifel hu verschidden där Raiberbande gewuddert, ee vun deene bekannsten Ustiwweler war de "Schinderhannes", dee mat 20 vu senge Gesellen 1803 zu Meenz vun de Fransouse gekäppt gouf.

Zu Kehlen war déi Band net esou bedäitent, hiren Haaptmann, de Kueb, huet zwar och net laang gefaxt, awer dee gréisste Gauner war eigentlech de Mëller äus dem Duerf.

Wéi dee fréiere Schlasshär, de Comte de Pérouse, deen sech an der Franséischer Arméi ënnerdaach geschlach hat fir de Guillotine ze ëntkomnmen, em d''Joer 1810 erëm zu Kehlen opdäucht, do flitt alles op, wat de Mëller an nach e puer anerer 15 Joer virdrun ugestiwwelt haten.

An um Enn hu mer e puer Doudeger do leien.

Text: Jemp Schuster


Wou:
Op Schéimerech (Open Air Site)
rue du Cimetière
Kehlen,
Luxemburg
    Dieser Eintrag wurde von admin_wp veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen zum Permalink.