Kategorie: Open Air Event Fräiliichttheater 2008 | Camping Sonnestach

Fräiliichttheater 2008 | Camping Sonnestach

Wéini:   17. Juli 2008, N/A Auer
Genre:   Open Air Event

CAMPING SONNESTACH

Allgemeng gëtt behaapt, den Tourismus zu Lëtzebuerg stéich a schlechten Dicher. Zemol op de Campinge gesäit et net gutt äus. Kee Wonner bei esou engem Wieder, wou esouguer d’Wëllschwäin sech net méi eräus trauen.

Dofir hunn déi Responsabel vum CAMPING SONNESTACH sech eng afale gelooss. Fir erëm méi Leit unzezéien, soten se, muss eise Camping méi attraktiv ginn.

Fänke mer do un, wou d’Leit sech begéinen, wann et en ze enk oder ze sténkeg an hiren Zelter a Roulotte gëtt : bei der Buvette. A wa mer déi schonn nei maachen, da kritt s’och en neien Numm. Äus der banaler Buvette gëtt en touristefrëndleche Pavillon.

Den neie Pavillon um CAMPING SONNESTACH gëtt also elo endlech ageweit. A wéi et da bei esou enger Feier gär geschitt, wëssen e puer Leit den Dag drop net méi, wat se dann do opgefouert hunn. Vläicht wëllen s’et och net méi wëssen.

Eigentlech hunn se Recht, well villes wat nuets op esou engem Camping passéiert, dat geet déi aner Leit dobäussen iwwerhaapt näischt un.

Coproduktioun: Asbl "Op Schéimerech" Kehlen a "Spektakel Asbl"

Text a Regie : Jemp Schuster
Assistenz: Michèle Turpel
Musek: Pol Pepin
Dekor: Asbl "Op Schéimerech"

Virstellungen op der Fräiliichtbühn op Schéimerech zu Kielen,
de 17., 18., 19., 20., 23., 24., 25. a 26. Juli 2008 em 21.00 Auer.

Iwwerdeckten Tribühnen

Wou:
Op Schéimerech (Open Air Site)
rue du Cimetière
Kehlen,
Luxemburg
    Dieser Eintrag wurde von admin_wp veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen zum Permalink.