Kategorie: Cabaret Kabaräsconcours 2016: ’t gëtt net gefuddelt!

Kabaräsconcours 2016: ’t gëtt net gefuddelt!

Wéini:   13. Juli 2016, 20:30 Auer
Genre:   Cabaret

Mir spille rëm Kabarä am Summer (13. bis de 16. Juli 2016)!
Dëst Kéier an enger richteger Hal. (Do gët och kee kal!)
Allerdéngs decidéiere net mir, wat leeft:

Mir spillen an Dir schreift!
Mir spillen, wat Dir geschriwwen hutt.
Mir spillen Äre Kabarä!

Mir sichen dofir Kabaräs-Texter. Neier, déi nach ni gespillt goufen, mä extra fir dëse Concours geschriwwe ginn. D’Thema dëst Joer ass: “ ‘t gëtt net gefuddelt!”.

Loosst Iech inspiréiere vun der Aktualitéit, där politescher, där kultureller, där sportlecher, där lokaler, där nationaler, där internationaler, vläicht och där perséinlecher. Oder ganz einfach vun de klenge mënschleche Katastrophen an Naupen, déi all Dag jidderengem passéiere kënnen, egal op Jonk oder Al, Kleng oder Grouss.

Spëtzt Är Fieder, wierzt net nëmme mat Peffer a Salz, mä sidd pickeg, witzeg, ironesch, satiresch oder einfach nëmme riicht eraus!

En onofhängege Jury wielt déi bescht Texter aus an déi kommen am Juli 2016 op d’Bühn presentéiert vun eiser Kabaräs-Equipp.

Kee schreift fir näischt. All Text, dee vum Jury ausgewielt gëtt an dee gespillt gëtt, kritt e klenge Cachet!

All Owend decidéiert de Publikum, wéi en Text him am beschte gefall huet an dat bréngt 100 €.

Den Haaptpräis vum Jury ass mat 1.000 € dotéiert.
D
en zweete Präis vum Jury si 500 €.

D‘Texter solle bis den 1. Februar 2016 erageschéckt ginn. D’Nimm vun den Auteure ginn eréischt um leschten Owend bekannt!

Mir waarden op Iech! Mir waarden op Är Texter!
M
ir freeën eis op eis gemeinsam Produktioun…

Hei fannt der d’Reglement vum Concours fir Kabarästexter

ASBL Op Schéimerech

Wou:
Hal Fakeme
35, rue Pierre Dupong
Keispelt, 8293
Luxemburg
    Dieser Eintrag wurde von admin_wp veröffentlicht. Setze ein Lesezeichen zum Permalink.